Eng modern, mobilfrëndlech Websäit déi Är Bildungsariichtung no bausse representéiert — mam Inhalt, den Tools an der Identitéit déi zu Iech passen.
Eis Approche
D'Websäit vun enger Schoul ass méi wéi eng Visittekaart — si ass e Liewensraum fir Kommunikatioun tëscht Schoul, Elteren a Gemeng. Si soll informéieren, verbannen a Vertrauen opbauen.
Mir entwéckele Websäite speziell fir Lëtzebuerger Schoulen, Crèchen a Maison-relaisen — mat engem Design deen zu Ärer Identitéit passt, a Fonctionnalitéiten déi den Alldag erliichteren.

Eng Plattform déi Schoul, Elteren a Gemeng zesummebrengt — kloer, modern a fir jiddereen zougänglech.
Mir designen Är Websäit mat Äre Farwen, Ärem Logo an mat enger eegener visueller Identitéit déi Är Schoul direkt erkennbar mécht.
Eltere kucken d'Schoulwebsäit meeschtens um Handy — ënnerwee, an der Kichen, nom Aarbechtsdag. Eis Websäite si vu vir eraus fir mobil Geräter optimiséiert.
Eis Websäit enthält eng Rei vu prakteschen Tools déi speziell fir de Schoulalldag entwéckelt goufen — direkt integréiert, einfach ze benotzen an ëmmer zougänglech.
E Groussen Deel vum Contenu vun der Websäit ka vun Iech selwer eropgelueden, editéiert an online gesat ginn. Esou ass et fir Iech einfach d'Websäit à jour ze halen a kléng Ännerungen selwer virzehuelen.
Är Schoulcommunity schwätzt méi wéi eng Sprooch — eis Websäite si standard op Lëtzebuergesch, Franséisch a Däitsch verfügbar.

Mir begleeden Iech Schrëtt fir Schrëtt — vun der éischter Iddi bis zur fäerdeger Websäit.
Mir lauschteren no a verstinn Är Bedierfnesser, Är Zilgrupp an Är Visioun.
Mir presentéieren e personaliséierten Design-Virschlag deen zu Ärer Identitéit passt.
Mir programméieren Är Websäit mat integréierten Tools, optimiséiert fir mobil Geräter.
Mir setzen d'Websäit online, schoulen d'Equipe a sti fir Änderungen zur Verfügung.
Mir bleiwen un Ärer Säit — mat reegelméissegen Updates, Sécherheetschecks a schneller Hëllef wann Dir eis braucht.
Eng komplett digital Präsenz fir Är Bildungsstruktur.
"Wa mir digital besser no baussen opgestallt sinn duerch d'Websait, gëtt eis Aarbecht vill méi visibel a valoriséiert. D'Elteren si besser informéiert a mir spuere Stonnen u Kommunikatiounsaarbecht."
Mir bidden eng gratis Demo vun enger SchoolTools-Websäit un — sou dass Dir genee gesitt, wat mir kënne maachen, éier Dir Iech engagéiert.